Story

1976 - 2016Joer muselfenkelcher.lu

logo alt foto24 foto25 foto26 foto27 logo neu

D'Maacher Muselfénkelcher sinn 1976 vum Adely a Jean-Pierre Urwald-Krier gegrënnt ginn. Ronn 30 Primärschoulskanner hate sech an der éischter Prouf am Veräinshaus zesummefonnt. Lues a lues ass de Chouer gewuess, an dofir bestinn d'Muselfénkelcher haut aus zwee Chéier: de Kannerchouer (mat ronn 45 Kanner am Alter vu 6 bis 11 Joer) an de Jugendchouer (mat 50 jonke Meedercher - an 2 Jongen - vun 12 Joer un).

Op hire ville Reesen haten d'Muselfénkelcher d'Geleegenheet, aner Chéier, Lidder a Gebräich kennen ze léieren. Si haten ënner anerem schon Optrëtter an Däitschland (Dresden, Leipzig, München, Berlin), Island, wou se 1988 an 2000 vum islännesche Staatschef empfaang gi sinn, Finnland, Irland, Dänemark, Russland (St.Petersburg), Italien (Lago di Garda) Estland (Tallinn) a Slowenien.

Mam Adely Urwald-Krier als Dirigentin a mam Georges Urwald um Piano sangen d'Muselfénkelcher Lidder aus aller Welt, wéi z.B. traditionnel, folkloristesch a klassesch Musik, Negro Spirituals, Gospels an Extraiten aus Musicals.

De Jugendchouer huet 2011 am UGDA-Concours e Premier prix avec grande distinction, an am Concours “A vous de chanter” vun der INECC (institut européen de chant choral) den 1. Präis vum Jury a vum Publikum kritt.

2016, also no genee 40 Joer, hunn d'Adely an den Jean-Pierre schweieren Härzens d'Decisioun geholl, d'Leedung vum Veräin also och vum Chouer ofzeginn, vir domat eng nei Ära anzeleeden.

Union Grand-Duc Adolphe (UGDA)
@ 2016 Muselfénkelcher
rcsl:F1978
Gréivemaacher