D’Maacher Muselfénkelcher sinn 1976 vum Adely a Jean-Pierre Urwald-Krier gegrënnt ginn. Ronn 30
Primärschoulskanner hate sech an der éischter Prouf am Veräinshaus zesummefonnt. Lues a lues ass de Chouer
gewuess, an dofir bestinn d’Muselfénkelcher haut aus zwee Chéier: de Kannerchouer (mat ronn 45 Kanner am
Alter vu 6 bis 11 Joer) an de Jugendchouer (mat 50 jonke Meedercher - an 2 Jongen - vun 12 Joer un).
Op hire ville Reesen haten d’Muselfénkelcher d’Geleegenheet, aner Chéier, Lidder a Gebräich kennen ze léieren.
Si haten ënner anerem schon Optrëtter an Däitschland (Dresden, Leipzig, München, Berlin), Island, wou se 1988
an 2000 vum islännesche Staatschef empfaang gi sinn, Finnland, Irland, Dänemark, Russland (St.Petersburg),
Italien (Lago di Garda) an Estland (Tallinn).
Mam Adely Urwald-Krier als Dirigentin a mam Georges Urwald um Piano sangen d’Muselfénkelcher Lidder aus
aller Welt, wéi z.B. traditionnel, folkloristesch a klassesch Musik, Negro Spirituals, Gospels an Extraiten aus
Musicals.
De Jugendchouer huet 2011 am UGDA-Concours e Premier prix avec grande distinction, an am Concours “A vous
de chanter” vun der INECC (institut européen de chant choral) den 1. Präis vum Jury a vum Publikum kritt.